Maria Ana vu Bragança (1861)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Maria Ana (Marie-Anne) vu Bragança, och Maria Anna do Carmo de Bragança, gebuer de 13. Juli 1861 um Schlass Bronnbach an Däitschland, a gestuerwen den 1. August 1942 zu New York, war déi 5. Duechter vum 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal a senger Fra, der Adelheid zu Löwenstein-Wertheim-Rosenberg (Wittelsbach).
Den 21. Juni 1893 huet si sech mam Wilhelm vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg bestuet.
Si krute 6 Duechteren, woumatter d'Haus Nassau zu Lëtzebuerg ausgestuerwen ass.
De 17. November 1905 gouf d'Marie-Anne Grande-duchesse consort. Hire Mann war mat der Gesondheet geplot, an esou iwwerhëllt si den 18. November 1908 a senger Plaz d'Amtsgeschäfter.
Nom Doud vum Wëllem de IV., de 25. Februar 1912, blouf d'Marie-Anne Regentin bis zur Groussjäregkeet vun hirer eelster Duechter, der Marie-Adélaïde. Dës gouf de 15. Juni vum selwechte Joer Groussherzogin.
D'Maria Ana vu Bragança ass 1942 zu New York gestuerwen. Si gouf den 22. Oktober 1947 op Lëtzebuerg iwwerfouert an an der Kathedral an der Stad begruewen.