Marie-Henriette Steil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Marie-Henriette Steil (3. August 1898 - 18. Dezember 1930 an der Stad Lëtzebuerg) war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
D'Marie-Henriette Steil huet hir éischt Wierker an de Cahiers luxemboureois publizéiert, et waren dat e puer Novellen an e fiktive Bréifwiessel (Lettres de Suzette à Micromégas). Och an der Luxemburger Zeitung an am Escher Tageblatt war si eng regelméisseg Mataarbechterin.
1926 koum vun hir am Leipziger Xenien-Verlag e Buch mam Titel Tier und Mensch eraus, eng Zort ironesche Verglach vu mënschlecher an Déierepsychologie.
D'Marie-Henriette Steil ass 1930 an der Stad gestuerwen.