Match
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu enger Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Opgepasst: Hei geet et ëm de Supermarché Match. Fir d'sportlech Ausernanersetzung, kuckt w.e.g. Match (Spill).

Match ass den Numm vun enger franséischer Supermarchés-Chaîne, déi zum Grupp Louis Delhaize Cora gehéiert, an a Frankräich (besonnesch am Norden an am Osten), mee och an der Belsch, an Ungarn an zu Lëtzebuerg Fillialen huet.
Zu Lëtzebuerg schaffen 930 Leit fir dëse Grupp (1.1.2004).
[Änneren] Geschicht
De Grupp geet zeréck op de Georges an de René Delhaize (vun der belscher Supermarchés-Famill), déi 1908 a Frankräich 3 Gesellschafte gegrënnt hunn: Docks du Nord (Lille), Sanal (Nanzeg), a Sadal (Stroossbuerg). 1934 hunn se d'Marque Match gegrënnt. 1960 gouf deen éischte Supermarché am Departement Nord opgemaach. 1990 goufen d'Enseignen am Elsass, Loutrengen an am Norden ënnert dem Numm "Match" vereenegt.