Mathias Schou
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mathias Schou (am Mäerz 1747 zu Gréiwemaacher - 17. Oktober 1825 zu Eech) war e Museker a Spillmann - haut giff ee wuel Entertainer soen -, deen als Blannen Theis am ganze Land bekannt war.
Vun him gëtt et eng Sammlung Lidder, déi deels vun him sinn, deels méi al ass, dorënner Hopp Marjänn, Zu Arel op der Knippchen, Et leeft eng Geess iwwert d'Hesprenger Bréck, fir nëmmen déi ze nennen.
Nach eng etlech Joren no sengem Doud sinn Anekdoten a Spréchelcher vun an iwwert hie verzielt ginn. Sou soll hien z.B. nom grousse Brand, 1822 zu Réimech gesot hunn: "Wann dat net géint d'Wandlais ass, da weess der Däiwel, wat besser ass."
150 Joer no sengem Dout huet d'Lëtzebuerger Post en Timber zu sengem Gedenken erausbruecht.