Maulkuerfgesetz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Maulkuerfgesetz ass deen haut geleefegen Numm vun engem Lëtzebuerger Gesetz aus dem Joer 1937 (offiziell: "Gesetz iwwer d'Verdeedegung vun der politescher a sozialer Uerdnung"), dat vu senge Géigner esou genannt gouf, well et der Regierung erméiglege sollt, d'kommunistesch Partei ze verbidden an och aner politesch Organisatiounen opzeléisen, déi hirer Meenung no eng Bedrohung fir d'constitutionnell Institutioune kinnten duerstellen.
Dëst Gesetz ass den 23. Abrëll 1937 an der Chamber, no 4 Deeg Diskussioun, mat grousser Majoritéit (34 dofir, 19 dogéint, 1 Ënthalung) gestëmmt ginn. D'Parteien, op déi d'Regierung Bech sech gestäipt huet (d'Rietspartei, déi Liberal) waren dofir, d'Oppositioun (ë. a. d'Sozialisten an aner Lénksparteien) dogéint. Et hat bal 3 Joer gedauert, bis den Text vun dësem Gesetz stoung. Fir ze Verstoe, wéi et iwwerhaapt dozou komme kunnt, eng Partei, déi bei de Chamberswahle just 9% vun de Stëmmen (dorënner vill Protestwieler) kritt hat als eng esou grouss Menace ugesi gouf, datt se verbuede misst ginn, muss een de politesche Kontext vun deer Zäit kucken. Besonnesch fir déi Chrëschtlech-konservativ war de Kommunismus Ausdrock vun allem Béise schlechthin (d'Gefor vun Extrem-Riets gouf laang net als esou grouss erkannt). Dobäi kënnt, datt de Premierminister Joseph Bech sech ni richteg mam allgemenge Wahlrecht (dat 1919 agefouert gouf) ufrënne konnt, an Zäit senges Liewens dem Zensuswahlrecht nogetrauert hat. Him ware politesch Manifestatiounen, d'"Muecht vun der Strooss" onheemlech.
Well nom Vote d'Diskussioun awer éischter méi staark gouf, huet d'Regierung Bech decidéiert, de Sujet engem Referendum z'ënnerwerfen. Si war iwwerzeegt dass se, gestäipt duerch d'Wort, eng grouss Zoustëmmung géif kréien. Zu der Iwwerraschung vu villen huet de 6. Juni 1937 awer eng knapps Majoritéit vun der Bevëlkerung (50,67%) géint dëst Gesetz gestëmmt. De Bech, deen doduerch desavouéiert war, ass doropshin als Premierminister zeréckgetrueden.
[Änneren] Den Artikel 1 vum "Uerdnungsgesetz"
Le parti communiste est dissous et l'activité des associations ou groupements affiliés directement ou indirectement à l'Internationale communiste est interdite sur le territoire du Grand-Duché. Seront de même dissous par décision du Gouvernement tous autres groupements ou associations qui, sous quelque forme ou dénomination que ce soit, visent à changer la Constitution ou à entraver le libre fonstionnement des institutions constitutionneles, soit par violence ou menaces, soit par la constitution de formations armées ou paramilitaires.
[Änneren] Literatur
- Gilbert Trausch: "Joseph Bech, la loi d'ordre et la force des choses en 1937", in: Luxemburger Wort, 17. Februar 1987, nogedréckt an: dees.: Un passé resté vivant. Mélanges d'Histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen 1995, S. 127-142.