Mercury Programm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Mercury Programm war den USA hiere éischte Programm fir e Mensch an de Weltraum ze bréngen. E gouf 1958 ugefaang an gong 1963 zu Enn. Vun 1961 bis 1963 gouf et 6 bemannte Flig. D'Ziiler vum Programm woren:
- e bemanntent Raumschëff an den Orbit ronderem d'Äerd ze bréngen
- eraus ze fannen, wéi de Mensch am Weltraum iwweliewen kann
- esouwuel de Mensch ewéi och d'Raumschëff erem secher op d'Äerd ze bréngen
[Änneren] Bemannte Missiounen
D'Missiounen MR-x woren suborbital Flig, déi mat enger Redstone-Rakéit gestart sinn; MA-x gouwen mat enger Atlas-Rakéit gestart a woren orbital Flig.
(Jiddfer Astronaut huet sengem Raumschëff en Numm ginn an dorun eng 7 gehaang fir op d'Team vun den Mercury Seven hinzeweisen.)
- MR-3 Freedom 7, gestart den 5. Mee 1961
- MR-4 Liberty Bell 7, gestart den 21. Juli 1961
- MA-6 Friendschip 7, gestart den 20. Februar 1962
- MA-7 Aurora 7, gestart den 24. Mee 1962
- MA-8 Sigma 7, gestart den 3. Oktober 1962
- MA-9 Faith 7; gestart den 15. Mee 1963