Michel Gloesener
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Gloesener gebuer de 4. Mäerz 1794 zu Uewerkäerjeng, a gestuerwen 1876) war e lëtzebuergesche Physiker a Fuerscher.
Hien huet zu Léck studéiert, a goung dann op Paräis, wou en ënnert anerem beim André-Marie Ampère seng Studie perfektionnéiert huet. A senger Doktoratsthes vun 1824 huet hie sech mam kontroversen Thema vun de chemeschen Affinitéiten auserneegesat.
Säin Haaptgebitt war den Elektromagnetismus, wou en d'Fuerschungsresultater vum Ampère, vum Claude Louis Berthollet a vun der Société d'Arcueil mam John Dalton senger Atom-Hypothes verbonnen huet.
De Gloesener huet ënnert anerem elektresch Aueren an Telegrafe gebaut.
Hie war Lecteur, a vun 1825 bis 1830, Professeur extraordinaire op der Universitéit zu Louvain. 1830 krut en e Ruff op d'Uni vu Léck, wou e Physik, Experimentalphysik, physesch Astronomie a physesch Mathematik enseignéiert huet.
Als Erënnerung u seng Aktivitéiten zu Léck gouf, nieft dem Pont Gramme am Quartier Fetinne, e Boulevard no him genannt, de Boulevard Gloesener.
[Änneren] Wierker
(Auswiel)
- Traité général des applications de l’électricité: tome premier 1861 Paris, Liège: E. Noblet, 520 S.
- Recherches sur la télégraphie électrique. 1853 Liége, H. Dessain, 124 S.
[Änneren] Literatur
- Wolter, Michel: "Michel Gloesener, cet 'illustre inconnu' de Hautcharage" In: U.N. Käerjéng '97 : 5e anniversaire : inauguration du 1er drapeau. - Käerjéng : U.N. Käerjéng '97 ; [2003]. - S. 81-95, ill.