Mjøsa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mjøsa | |
---|---|
Informatiounen | |
Numm: | Mjøsa |
Lag: | Norwegen |
Fläch | 365 km² |
maximal Längt: | 117 km |
maximal Breet: | 15 km |
maximal Déift: | 440 m |
Héicht iwwer/ënner Mierniveau: Mëttlere Waasserniveau |
123 m |
Déifste Plaz iwwer/ënner Mierniveau: | m |
Gréisser Uertschaft(en): | Lillehammer Gjøvik Hamar |
De Mjøsa ass mat enger Fläch vun 365 km² dee gréisste Séi an Norwegen. De Séi läit 123 Meter iwwer NN, ass 117 km laang an huet e Volume vu 56,24 km³. Seng maximal Breet vun 15 km huet e bei Hamar. Do läit och d'Helgøya, seng gréissten Insel.
17 Flëss, klenger a grousser, lafen an de Mjøsa. Dee wichtegsten ass de Gudbrandsdalslågen an huet bei Lillehammer seng Mündung.
De Waasserstand vum Mjøsa gëtt reguléiert an huet zënter 1961 e relativ konstanten Niveau.
De Séi ass an Norwegen fir seng räich Fëschreserve bekannt. Pro Saison ginn 150-200 Tonne Fësch aus dem Mjøsa gezunn.