Näerdenerbaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Näerdenerbaach ass eng kleng Baach an de Gemenge Biekerech a Réiden.
Si ensteet aus der Moolbaach an der Millebaach déi just hanner Hitten zesummelaafen op enger Héicht vun 275 m NN. Si leeft dann no Osten fir op Näerden ze komme wou se virum Duerf no Norden dréit, leeft dann duerch d'Duerf an ënner der N 24 erduerch fir dann no ongeféeir 1.700 m bei Nidderpallen an d'Pall ze laafen op enger Héicht vun 265 m.
Si ass ee rietse Niewefloss vun der Pall, an huet selwer zwou kleng Baachen ouni Numm déi hanner Näerden a si laafen, eng riets déi vum Flouer Geespeltchen kënnt, an eng lenks déi tëschent Biekerech a Réiden op Kréber entsprengt.