New South Wales
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
New South Wales ass den eelsten a meeschtbevëlkerten australesche Staat mat als Haaptstad Sydney. Diversitéit vun New South Wales ass enorm. Endlos laang Plagen, Eukalyptusbeembëscher, romantesch Séien, Farmen, riseg Nationalparken déi vum Dschungel bis zur Wüst ginn, subtropesch Hëtzen a Minustemperaturen an de Schigebieder vun de Snowy Mountains. Vun der gesamt Bevëlkerung vun New South Wales wunnen der alleng zu Sydney scho 4 Milliounen. De Rescht vun New South Wales ass zimlech dënn bewunnt.
|
|||
---|---|---|---|
Kaart | |||
Basisdaten | |||
Haaptstad: | Sydney | ||
Gréisst Stad: | Sydney | ||
ISO 3166-2: | AU-NS | ||
Fläch: | 801.600 km² | ||
Awunner: | 6.341.600 (2004) | ||
Bevëlkerungsdicht: | 7,91 Awunner/km² |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
New South Wales léit un der Ostküst vun Australien mat enger flacher Géigend am Westen, de Bierger un der Küst Great Diving Range, der Neuenglandketten am Norden, de Blue Mountains am Zentrum an dem héchste Bierg aus den australeschen Alpen, dem Mount Kosciuszko (2230 m) am Süden. D'Gesamtfläch huet 801.600 km².
New South Wales gëtt a 14 Regiounen agedeelt: Central West (CW), Far West (FW), Hunter (HT), Illawara (IL), Murrumbidgee (MG), Murray (MR), Mid-North Coast (NC), Nothern (NR), North Western (NW), Richmond Tweed (RT), South Eastern (SE), Sydney Inner (SI), Sydney Outer (SO) an Sydney Surrounds (SS).
[Änneren] Geschicht
New South Wales war déi éischt britesch Kolonie an Australien a gouf 1770 vum James Cook entdeckt. Et huet de ganzen Oste vun Australien ëmfaasst. 1859 gouf Queensland ofgetrennt an 1911 Australian Capital Territory mat Canberra, der australescher Haaptstad.
[Änneren] Bevëlkerung
En Drëttel vun der australescher Bevëlkerung lieft an New South Wales, virun allem un der Küst an zu Sydney. 26 % vun der Aboriginies-Bevëlkerung lieft och hei am Bundesstat.
[Änneren] Géigenden a Nationalparken
Batemans Bay huet 9500 Awunner a leit beim Clyde River 240 km südlech vu Sydney. An der Géigend leien och den Nationalpark Murramurang a den Jervis Bay Nationalpark. De Murramurang huet eng spektakulär Küst déi aus Sandplagen, Klipen an Höhle besteet, fantastesch fir Wanderer a Fossilieninteressenten. De Jervis Bay leit ëm di 100 km nërdlech vun der Batemans Bay. An de Buchte kann een Delphinen a Pingouinen, am Wanter esouguer Walen, nokucken. Papageien, Känguruhen a Wallabien sinn hei och ze gesinn.
Kiama
Snowy Mountains
Byron Bay ass bekannt fir seng divers Méiglechkeete u Waassersportaktivitéiten, wéi z.B. Surfen. D'Hannerland besteet gréisstendeels aus Bierger an Dschungel. Zwou bekannte Plage sinn Main Beach a Watego's Beach
Cape Byron
Dorrigo National Park
Mount Warning
Lake Mungo
Port Macquarie leit beim Hasting River, 420 km nërdlech vu Sydney, an huet 34000 Awunner. Dës kléng Stad gouf 1821 gegrënnt vun de briteschen Häftlingen an ass eng vun deenen eelsten australesche Siedlungen.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
[Änneren] Extern
Staaten: Südaustralien - Westaustralien - New South Wales - Queensland - Tasmanien - Victoria
Intern Territoiren: Australeschen Haaptstadterritoire - Nërdlechen Territoire
Extern Territoiren: Antarkteschen australeschen Territoire - Christmas Island - Lord Howe Insel - Norfolk Inselen - Ashmore a Cartier Inselen - Cocos Inselen - Insele vum Korallemier - Heart a McDonald Inselen - Territoire vun der Jarvisbucht