Ody Roos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ody Roos (* 30. Mee 1944 zu Mamer) ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a Filmproduzent.
Hien huet de Kolléisch an der Stad besicht. Do war hie Matgrënner vum Ciné-Club 65.
Den Ody Roos huet Droit studéiert, derniewent huet hien och den Institut des Hautes Études Cinématographiques (IDHEC) zu Paräis an der Sectioun Regie besicht.
No Amateurkuerzfilmer huet hie vu 1968 Fouss am Film gefaasst. Mat sengem Film Pano ne passera pas , iwwert d’Evénementer vu Mee 1968 zu Paräis, huet hien vill Luef bei de Kritiker krut.
Mat senger Filmproduktiounsfirma Filmodie huet hien eng ganz Partie Filmer am Frankräich produzéiert..
[Änneren] Filmer als Regisseur
- Point mort (1984)
- Les enfants de nulle part (1976) (Kuerzfilm)
- Les bulles du cardinal (1968) (Kuerzfilm)
- Pano ne passera pas (1968)
[Änneren] Filmer als Produzent
- El Ayel (2005)
- Schacko Klak (1991)
- Les récits de la nuit (1981)
- Eclipse sur un ancien chemin vers Compostelle (1978)
- Lamento (1977)
- L’Eden-Palace (1977)