Pamela M. Kilmartin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Pamela Margaret Kilmartin ass eng neiseelännesch Astronomin.
D’Kilmartin schafft um Mount-John-Observatoire op der Universitéit Canterbury no beim Tekaposee an ass Member bei der Royal Astronomical Society of New Zealand (RASNZ).
Si beschäftegt sech virrangeg mat der Sich no Koméiten an Asteroiden. Zesumme mat hirem Kolleg Alan C. Gilmore huet si 40 Asteroiden entdeckt. Den Asteroid (3907) Kilmartin ass no hir benannt ginn.