Parken a Gäert zu Paräis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuckt och den Artikel Paräisd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Op den éischte Bléck mécht Paräis den Androck vun enger grénger Stad. Un de Stroosse stinn eng Ronn 89.000 Beem. D'Gaardebauamt Direction des Parcs, Jardins et Espaces Verts de Paris këmmert sech an der Stad selwer ëm déi 2.437 Hektar Gréngflächen, zu denen ausser de béide grousse Stadbëscher Bois de Vincennes (995 Hektar) a Bois de Boulogne (846 Hektar) och déi 14 Kierfeger zielen (92 Hektar), d'Gaardebauschoul Ecole Horticulture Du Breuil (22 Hektar) an de Gaardebauzentrum Centre Horticole Auteuil-Longchamps (8,5 Hektar), an deem Blummen a Sträicher geziicht ginn.
D'Stad Paräis huet doriwwereraus nach 6 weider Kierfeger, de Bësch Beauregard bei La-Celle-Saint-Cloud an d'Blummeproduktiounsplazen zu Rungis, Fresnes an Achères (477 Hektar).
Nierwt de Flächen, ëm déi sech d'Stad këmmert, stinn den Awunner an Touriste vu Paräis och nach siwe Gäert a Parken zur Verfügung, déi vum Staat ënnerhale ginn (118 Hektar).
[Änneren] Promenaden, Parken a Gäert
De Jardin des Tuileries, dee mat ville Statuen dekoréiert ass, geet vum rietse Seine-Ufer vum Louvre bis op d'Place de la Concorde. En erënnert un dat fréiert Schlass vun der Katharina vu Medici, wat no hir nach vill Herrscher bewunnt hunn, bis datt d'Gebai 1871 bei der Commune vu Paräis zerstéiert ginn ass. Am westleche Beräich vum Gaart steet dat ehemolegt Ballhaus Jeu de Paume, an deem haut eng Galerie ze fannen ass, an déi fréier Orangerie, déi haut e Musée ass.
Ee vun de beleifteste Parken an der Stad ass de Jardin du Luxembourg am Quartier Latin, dee 1612 ugeluegt gouf. E gehéiert zum Palais du Luxembourg, wou haut de franséische Senat säi Sëtz huet. De Gaart huet streng geometresch Partien, awer och méi fräi Zonen. Am Jardin du Luxembourg steet och eng zwee Meter héich Fräiheetsstatue, eng Kopie vun der Fräiheetsstatue zu New York. Un de Gitter ronderëm de Park si regelméisseg Fotosausstellungen ze gesinn.
De Stadbësch Bois de Boulogne, deen un der westlecher Grenz bei Boulogne-Billancourt läit, ass mat enger Fläch vu ronn 8,5 Quadratkilometer dat gréissten Erhuelungsgebitt vun der Stad. Hei gouf ët schonn ëmmer e grousse Bësch, de Bois de Rouvray. Schonn de Frankekinnek Dagobert I. ass am 7. Joerhonnert heihinner komm, fir op d'Juegd ze goen. 1848 huet de Staat de Bësch iwwerholl, an en 1852 un d'Stad Paräis ginn. Am Kader vun der Ëmgestaltung vu Paräis ënnert dem Napoléon III. duerch den Haussmann gouf de Bësch ënnert der Leedung vum Gaardenarchitekt Jakob Ignaz Hittorff zu engem Park ëmgebaut. Ët si Weeër a kënschtlech Waasserflächen entstanen. Duerch falsch Pläng konnten awer déi kënschtlech Séier net opgefëllt ginn. Den Hittorff gouf vum Haussmann erausgehäit, an duerch den Ingenieur Jean-Charles Alphand an de Landschaftsgäertner Jean-Pierre Barillet-Deschamps ersat. Déi zwee hunn de Waasserproblem duerch kënschtlech Waasserfäll geléist.
De Bois de Vincennes ass den zweete Paräisser Stadbësch, deen am Stil vun englesche Landschaftsgäert ugeluegt gouf. De Bësch war ëmmer kinneklecht Juegdrevéier, an hei gouf ët och e Juegdschlass, wat spéider duerch eng Festung ersat gouf, a wat mir haut als Schlass vu Vincennes kennen. 1860 huet den Napoléon III. de Bësch der Stad Paräis iwwerlooss, mam Optrag, en esou wéi de Bois de Boulogne neizemaachen. De Landschaftsarchitekt Jean-Charles Alphand huet den Terrain opforste gelooss, an huet kënschtlech Hiwwelen an dräi Séier geschaf. Fir d'Olympesch Summerspiller vun 1900 goufe Sportanlage gebaut, an d'Weeër zu dësem Zweck ausgebaut.
Den neie Stadpark Parc de la Villette, deen 1986 vum Architekt Bernard Tschumi entworf ginn ass, zielt mat senge 25 Hektar zu de gréisste Gréngfläche vu Paräis. En ass um Terrain vum Schluechthaus La Villette entstanen, wat 1974 zougemaach ginn ass, an de Canal de l'Ourcq leeft derduerch. Schonn 1984 ass de Zenith opgaangen, an déi spéider Gebaier hunn sech un dësem Zentrum orientéiert. All Elementer vum Park sinn an engem futuristesche Stil gehalen. Am Park fënnt een, nierwt der Cité des sciences et de l'industrie den IMAX-Kino Géode, d'Cité de la musique, de Zénith an d'U-Boot L'Argonaute.
[Änneren] Kierfechter
Zu e kuckeswäerte Gréngflächen zielen zu Paräis och d'Kierfechter. Um Ufank vum 19. Joerhonnert goufen ausserhalb vun den deemolege Grenze vun der Haaptstad dräi nei Kierfechter gebaut, an an der Stad selwer een neien: de Cimetière de Montmartre am Norden, am Cimetière du Père Lachaise am Osten, de Cimetière du Montparnasse am Süden, an de Cimetière de Passy. D'Bekanntheet vun dëse Kierfechter kënnt virun allem dohir, datt hei eng Rei vu berühmte Perséinlechkeete begruewe sinn.
De Père Lachaise ass de gréisste Kierfecht vu Paräis, an zielt zu de bekannteste Kierfechter op der Welt. En ass nom François d'Aix Lachaise benannt, well de Kierfecht op sénge Gäert gebaut gouf. D'Konzept vum Père Lachaise gouf 1808 dem neoklasseschen Architekt Alexandre-Théodore Brongniart uvertraut, deen zu dëser Zäit Generaluewerinspekter fir Ëffentlech Aarbechten am Département Seine an an der Stad Paräis war.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Parken a Gäert zu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis. |