Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ass eng speziell ugeluechte Parkplaz fir Leit déi am Goe behënnert sinn a fir Leit déi blann sinn.
[Änneren] D'Parkplaz
Dës Parkplaze gi meeschtens sou ugeluegt datt se dëse Leit verschidde Facilitéiten ubidden, sou wéi afgesenkten Trottoirsborden, oder direkt Accèsen op Rampen oder bei Lifter. Si sinn och, wann d'Plaz et erlaabt, méi breed wéi normal Parkplazen fir datt Leit déi e Rullstull musse benotzen och Plaz genug hu fir hir Autosdieren grouss op ze machen fir sech op de Stull kënnen ze setzen an d'Kéier dermat maachen ze kënnen.
Op grousse Parkplazen an a Stied a Gemengen gëtt e gewësse Prozentsaz vun de Parkméiglechkeeten an dësem Sënn ugeluecht.
[Änneren] De Code de la Route
Nom Code de la Route si si eng Aussnam vum Park- oder Stationéireverbued, wat heescht datt dës Parkplaze reglemetéiert ginn duerch dat eent oder dat anert vun dëse Schëlter.
Dës Aussnam gëllt also op Park- a Stationéierungsplazen mat limitéierter Dauer an do wou Parken a Stationéieren duerch d'Schëlter C 18 an E 23 reglementéiert sinn an als Zousaz d'Zeeche vum signe distinctif hunn, oder den Zousaatztext Excepté handicapés physiques
Si duerfen deemno nëmme vu Leit benotzt ginn, déi am Besëtz vun engem sougenante signe distinctif pour personnes handicapés sinn, oder vu Persounen déi si begleeden . E muss sichtbar an der Fënster vum Auto ubruecht sinn oder wéinstens sou um Tableau de Bord leien dass d'Uerdnungskräften e kënne gesinn.
[Änneren] De Signe distinctif
Dëse signe distinctif gouf duerch Règlement ministériel vum 12. Dezember 1977 agefouert. De signe distinctif selwer ass am Laf vun de Joren duerch Reglementer verännert ginn, grad sou wéi d'Zoustännegkeet vun der Autoritéit déi en eraus gëtt.
Duerch Groussherzoglecht Reglement vum 14. September 1999 sinn déi al Bestëmmungen geännert an nei festgeluecht ginn.