Parverband
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Parverband ass den Zesummeschloss vu Paren an anere chrëschtleche Gemeinschaften, déi op enger Plaz aktiv sinn, mam Zweck fir eng gemeinsam pastoral Planung z'erméiglechen. De Parverband gëtt wéi eng eenzel Par betruecht, och wann di verschidde Paren hiren eegene Statut behalen, virun allem wat d'Finanzen ugeet, déi weiderhi getrennt fir all Par gefouert ginn.
Duerch en Dekret vum 1. Oktober 2002 huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Mgr. Fernand Franck d'Parverbänn an der lëtzebuerger Diözes an d'Liewe geruff.
Et gëtt an der lëtzebuerger Diözes 57 Parverbänn, déi bannent 5 Pastoralregiounen, regruppéiert sinn.
Am Normalfall gehéiert eng Par, zesumme mat hire Filialkierchen, intergal zu engem Parverband. Wann allerdings d'Grenze vun der Par net mat de Grenze vun der Gemeng iwwereneestëmmen, dann hunn d'Gemengegrenze Virrang. Allerdings kënnen och Ausnahmen zu dëser Reegel bestoen.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
Lëscht vun de Pastoralregiounen
[Änneren] Um Spaweck
- Kaart mat de Pastoralregiounen an de Parverbänn vun der Diözes Lëtzebuerg op der Websäit vum Office Diocésain de Pastorale - Archevêché de Luxembourg