Paul Helminger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Helminger gebuer den 28. Oktober 1940 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler an DP - Politiker. Hien ass bestuet, Papp vu siwe Kanner a wunnt an der Stad Lëtzebuerg .
An der Regierung Werner-Thorn-Flesch war hie vun 1979 bis 1984 Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Cooperatioun, Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand, a Staatssekretär fir Justiz.
Vun 1984 bis 1989 war hie Generaldirekter vun der Firma Computerland Europe.
Hien ass zënter 1999 Buergermeeschter an der Stad Lëtzebuerg.
Vun 1994 bis 2003 war hie President vun der Fédération Luxembourgeoise de Tennis.
Virgänger: Lydie Polfer |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1999 - |
Nofolger: |