Paul Schroell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Schroell (*21. August 1879 zu Dikrech, †20. Abrëll 1939) war e Lëtzebuerger Editeur, virun allem vum Escher Tageblatt a vun de Cahiers luxembourgeois.
Säi Papp war de Justin Schroell, den Editeur vum Landwirt, an och säin Urgrousspapp war schonn Editeur.
Et war fréi seng Ambitioun, eng eegen Zeitung ze hunn, déi am ganze Land verbreet wier. Hien huet 1909 de Landwirt vu sengem Papp iwwerholl, huet awer séier gemierkt, dass dat domatter net méiglech wier. Den 1. Juli 1913 kënnt déi éischt Nummer vum Escher Tageblatt eraus, dat e gegrënnt a bis 1927 och geleet huet, wou et dann vun de Gewerkschaften iwwerholl gouf. Am Éischte Weltkrich war de Paul Schroell iwwert d'Schwäiz a Frankräich gaangen, wou en zu Paräis fir déi Lëtzebuerger, déi do gelieft hunn, d'Zeitung Les Luxembourgeois gegrënnt huet.
1923 huet en d'Kulturzäitschrëft Les cahiers luxembourgeois an d'Liewe geruff, an déi och bis kuurz viru sengem Doud, am Alter vun 59 Joer, geleet.