Pierre Droessart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Säi Liewen
De Pierre Droessart ass Moler an hie schafft am Modelage. Hie gouf den 30. Dezember 1923 an der Stad gebuer. No senger Primärschoul zu Bouneweg geet hien an de Kolléisch, duerno an de Lycée de Garçons, mécht awer säin Ofschloss am Kolléisch.
1943-1944 ass hien Zwangsrekrutéierten. Hie schléit sech erëm no Lëtzebuerg duerch.
Am Abrëll 1945 schreift hie sech an zu Paräis an der "Ecole nationale supérieure des Beaux Arts". Parallel dozou beleet hien och Coursen am "Institut d'Art et d'Archéologie". 1948 kënnt hien op Lëtzebuerg zréck an hie mécht säi Stage pédagogique am Lycée de Jeunes Filles an am Lycée de Garçons. 1953 bestuet hie sech mat der Musikerin Marianne Bintner. Se kréien 3 Kanner. Bis zu senger Pensioun 1986 schafft hien als Zeecheproff am Lycée de Garçons zu Esch an am Athénée.
[Änneren] Wierker
De Pierre Droessart ass bekannt fir seng Portraiten, seng Landschaften a seng "Natures mortes".
Den Adler op dem Monument Patton, zu Ettelbréck ass vum Pierre Droessart
[Änneren] Quell
Nelly Lecomte: "Liberté. je te nomme..."(Aragon) Portrait du peintre Pierre Droessart, in: Nos Cahiers 1993/2
Anthologie des Arts au Luxembourg, Editions Borschette, 1992