Pol Pütz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pol Pütz, gebuer de 4. Juni 1947 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur.
Hie war laang Jore Chef vun der Finanzsektioun vun der Police Judiciaire. Hien ass aus der Buerg (Buerglënster) a Grënnungsmember vun de Frënn vum Bierger Schlass (Les Amis du Château de Bourglinster).
Hien ass Member vum Institut Grand-Ducal, section Arts et Lettres, sous-section: luxembourgeois. Member vum Schrëftstellerverband Chargé de Cours am Institut National d’Administration Publique fir Lëtzebuerger Orthographie. Publikatiounen a verschiddenen Anthologien, Zeitungen an Zäitschrëften, besonnesch an de Cahiers Luxembourgeois.
De Pol Pütz schreift vu Kand un. Am Ufank och däitsch Gedichter, duerno nëmme méi lëtzebuergesch Texter.
[Änneren] Bibliographie
- 1972: Éischt Gedichter am Lëtzebuerger Land.
- 1973: Éischt Cabaretstexter fir de Kasemattentheater a Sketcher fir den Hei elei.
- 1974: Éischt Revue Lux-Data zesumme mam Pir Kremer. Duerno bis haut, bal all Joer Mataarbecht bei der Revue ënner dem Pseudonym Pop.
- 1975: D’Seibecken, Gedichter a Songen. Editioun « Lëtzebuerger Land ».
- 1977: Déi Kleng Chamber, en Disk. Editioun Kasemattentheater Lëtzebuerg.
- 1978: Hie schreift d’Revue Et huet gelaut eleng.
- 1980: Hopp Marjänn, éischte Lëtzebuerger Musical. Musek Pierre Nimax. Première den 21. Dezember 1980 am Neien Theater.
- 1982: Hopp Marjänn op LP. DELTA Lëtzebuerg.
- 1984: Du brauchs kee Strack, Gedichter a Lidder. RTL Editions.
- 1989: Den Theater ass eist Liewen an Du wors versprach op LP. Editioun IP Lëtzebuerg.
- 1995: Wou d’Uelzecht, Gedichter a Lidder. Editioun Cahiers Luxembourgeois.
- 1997: Fango-Tango, Cabaret rondrëm 150 Joer Bad Munneref.
- 1999: Hopp Marjänn gëtt den 2. Juni zu Beetebuerg fir d’éischt mat engem Sinfonieorchester opgefouert.
- 1999: D’Revanche vum klenge Mann, Geschicht a Geschichten vun der Lëtzebuerger Revue am Almanach vum Joerhonnert. Editions Binsfeld.
- 2000: Den Erni, aus dem Liewe vun engem Walfer Kueb. Editioun Walfer Gemeng.
- 2004 : Kenns Du dat Land? Geschichten a Gedichter. Editions Les Cahiers Luxembourgeois
[Änneren] Präisser
2003 : Zweete Präis am Nationale Literatourconcours fir seng Kuerzgeschicht De Peter