Pudicitia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Pudicitia (vum lat.:pudor = Schimt) ass d'personifizéiert réimesch Gëttin vun der Schimt an der Genichlechkeet. Hir Qualitéiten waren d'Idealbild dovu wéi d'réimesch Fraleit sech opzeféieren an ze behuelen hätten.
Zu Roum gouf den Ënnerscheed tëscht enger patrizescher (Pudicitia patricia) an enger plebejescher (Pudicitia plebeia) Gëttin gemaach. Allebéid haten hiren eegenen Tempel. De plebejeschen Tempel gouf allgemeng als méi reng ugesi well hei nëmme monogam Fraen hunn dierfen afferen.
D'Pudicitia war e beléifte Motiv um Revers vu réimesche Mënzen. Meeschtens ass d'Gëttin als verschleiert Matrone duergestallt ginn déi op engem Troun setzt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Entspriechungen
- griichesch: Aidos
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- L’offrande de Pénélope Artikel iwwer den Ursprong vun der pudeur am Le Nouvel Observateur