Punkt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Op dëser Säit fannt dir eng Partie Artikelen, déi all deeselwechte Numm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn, sief et bei Persounen duerch Derbäisetze vu Liewensdaten, oder bei Länner a Stied duerch den Zousaz (Land) oder (Stad). Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
D’Wuert Punkt (v. lat.: punctus = Astech), ass ursprénglech e Sazzeechen dat mam Schreifgriffel an eng Wuestafel gestach gouf.
An der Typographie ass e Punkt :
- En typographescht Zeechen. Kuckt: Punkt (Zeechen)
- Eng typographesch Moosseenheet. Kuckt: Punkt (Moosseenheet)
An der Konscht ass e Punkt:
- E ronnt Zeechen meeschtens net ganz grouss. Kuckt: Punkt (Konscht)
An der Mathematik ass e Punkt:
- En Element vun enger Fläch oder enger Kurv. Kuckt: Punkt (Geometrie)
- En Zeeche fir d'Multiplikatioun oder fir e Skalarprodukt
An der Wëssenschaft an Technik ass e Punkt:
- e chemescht Symbol. Kuckt: Punkt (Chimie)
- an der Navigatioun d'Bestëmmung vun enger Positioun. Kuckt: Punkt (Navigatioun)
- e Geodeesesche Punkt.
Am Sport:
- am Sport gëtt bei Ranglëschten a bei Competitiounen wéi beim Basketball oder z.B Zéngkampf mat Punkte gezielt.
An der Schrëft fanne mer de Punkt als Sazzeechen:
- Um Enn vun engem Saz.
- Bei Afkierzungen (z.B.).
- Méi Punkten hannereneen wann en e Wuert net well ganz ausschreiwen. (Bsp. Dat ass en décken A...).
- Hanner Zuelen (Den 10. Januar)
- Fir Dausender ze trennen (100.000).
- A verschiddene Länner als Komma bei den Zuelen (10.33 = 10 komma 33).
- Bei Andeelungen a Kapitelen an Ënnerkapitelen (1.3 steet fir Kapitel 1 Ënnerkapitel 3)
A verschiddene Sproochen z.B. Litauesch, Türkesch a Polnesch als diakritescht Zeechen iwwer engem Bustaf. (Accent) De Punkt um i gëtt meeschtens net als Punkt ugesinn.
An e puer net europäesche Sproochen an an Translitteratiounen als Ënnerzeechen, also ënner dem Bustaf, fir verschidden Aussproochen ze markéieren.
Duebelpunkte gëtt et:
- als horizontal Duebelpunkten (Trema).
- als vertikal Duebelpunkten z.B fir ze markéieren datt en eppes gesot huet (Dunn huet hie gejaut: "Komm hir).
Am Solfége:
- D'Fermaten, en Zeechen dat aus engem no ënnen oppenen Hallefkrees besteet mat engem Punkt an der Mëtt. (Roupunkt)
- E Verlängerungspunkt hanner enger Nout
- De Konterpunkt e Begrëff aus der Musekstheorie
An der Geographie:
- Kardinolpunkte si wichteg Punkten déi net verännerlech sinn, z.B och bei engem Plang bei deem se deen Tracé virginn doduerch datt en entweder muss iwwer dee Punkt fueren, oder datt een deem Punkt onbedingt muss aus de Féiss goen.