Purple-Mountain-Observatoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Purple-Mountain-Observatoire (chin.: 紫金山天文台; Pinyin: Zĭjīnshān Tiānwéntái) ass en Observatoire no bei der Stad Nanking an der Volleksrepublik China. D'Observatoire läit am ëstleche Randgebitt vun der Stad op enger Héicht vun 267 m iwwert dem Mieresspigel.
De Bau vum Observatoire huet am Joer 1929 ugefangen. Fënnef Joer méi spéit, 1934, ass mat Observatiounen ugefaange ginn. Haut ass et e modernt astronomescht Observatoire, dat der Chinesesch Akademie vun de Wëssenschaften ënnerstallt ass.
Um Purple-Mountain-Observatoire goufen dräi Koméiten entdeckt, dorënner de periodesche Koméit 60P/Tsuchinshan. Zu den Entdeckungen zielen doriwwer eraus 147 Asteroiden, ënner aneren d'Trojaner (2223) Sarpedon, (2363) Cebriones an(2456) Palamedes, souwéi deen no dem Observatoire genanntem Asteroid (3494) Purple Mountain.
[Änneren] Um Spaweck
- (en) HP vum Observatoire