Querflütt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Querflütt | |
---|---|
engl.: flute, ital.: flauto | |
Klassifikatioun | |
Aerophon | |
Holzblosinstrument | |
Tounëmfang | |
Ähnlech Instrumenter | |
Piccoloflütt | |
Klangbeispill | |
[[Media:{{{1}}}|{{{2}}}]] ? / [[:Image:{{{1}}}|Lizenz]] |
D' Querflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.
D' Querflütt besteet hautesdaags meeschtens aus Metall, war awer ursprénglech aus Holz. Den Numm kennt dohir datt se queesch zum Mond gehalen an ugeblose gëtt. Am Géigesaz zur Blockflütt gëtt et kee Kanal duerch deen d'Loft op eng Kant gefouert gëtt, mee de Spiller bléist direkt op eng Kant vum Ubloslach, do gëtt de Loftstroum da gebrach a generéiert den Toun. D'Tounhéicht hänkt vun der Zuel an der Kombinatioun vun de Grëfflächer déi mat de Fangere vum Spiller zougehale ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.
Nieft der Querflütt gëtt et nach eng Piccoloflütt, déi nemmen hallef esou grouss ass an eng Oktav méi héich kléngt. Hei sinn esouwuel hëlze wéi metallen Ausféierungen ze fannen.