Radio 100,7
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Radio 100,7 ass den 19. September 1993 fir d'éischt op Antenn gaangen. Deemools ënnert dem Numm "honnert, 7 - de soziokulturelle radio an nomen est omen op der Frequenz 100.7 FM.
Dësen ëffentlech rechtleche Radiosender, deen duerch d'Mediegesetz vun 1991 méiglech gouf, huet säin Numm 2002 an de méi convivialen radio 100,7 ëmgeännert. De radio 100,7 dediéiert de gréissten Deel vu sengem Programm der Kultur an der Informatioun, mee awer och der Ënnerhalung a Form vun engem relativ breede Museksspektrum, bäi deem awer déi klassesch Musek kloer dominéiert.
Den 100,7 steet an enker Zesummenaarbecht mat nach aneren ëffentleche Radiossender an ass zënter 1997 Member vun der Unioun Européenne de Radio-Télévision.