Radioteleskop Effelsberg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Radioteleskop Effelsberg steet an den Ahrbierger an Nordrhein-Westfalen (Däitschland).
[Änneren] Geographie
D’Radioteleskop ass am Krees Euskirchen am Dall vun der Effelsberger Baach nëmmen ronn 1 km nordëstlech vun Effelsberg. Do steet et op 311 m Héicht an de westleche Häng vum Hingerbierg.
Laanscht de Wanderwee, deen zum Radioteleskop féiert, verleeft zënter Hierscht 2004 e knapp 800 m laangen Planéitewanderwee mat Informatiounstafelen zu eisem Sonnesystem mat sengen Planéiten an der Sonn selwer. De Wee mëcht säin Enn beim Modell vun eiser Sonn beim Informatiounshäischen vum Radioteleskop.
[Änneren] D’Teleskop
Dat 100-Meter-Radioteleskop gehéiert zum Max-Planck-Instituts fir Radioastronomie zu Bonn. Et gouf tëschent 1968 an '71 gebaut an den 1. August 1972 a Betrib geholl. Knapp 30 Joer laang war et dat gréisste voll beweglecht Radioteleskop vun der Welt, bis am Joer 2000 d’Green-Bank-Observatoire zu Green Bank, West Virginia (USA) a Betrib geholl gouf.
Mass: | 3200 Tonnen |
Uewerfläch: | 7.850 m² |
Fundamentduerchmiesser: | 64 m |
Spigelduerchmiesser: | 100 m |
Brennwäit: | 30 m |
Uewerflächegenauegkeet: | <0,5 mm |
Wénkelopléisung: | >10" |
Wellelängt: | 3,5 mm bis 900 mm |
Horizontaldréiung: | 12 Minutten/360° |
Vertikaldréiung: | 6 Minutten/90° |
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Radiotelescope Effelsberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |