Reginald Joseph Mitchell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Reginald Joseph Mitchell alias Reginald Mitchell oder R. J. Mitchell gebuer 1895 zu Talke England, a gestuerwen 1937 zu Southampton war en engleschen Ingenieur an industriellen Designer.
No senge Studie geet hien 1916 an d'aeronautesch Wierker vun der Firma Supermarine Aviation Works zu Southampton schaffen. Hie war do bis zu sengem Doud am Joer 1937.
Hien huet fir déi Zäit ganz schnell Fligere gebaut, ënner anerem de Supermarine Spitfire am Joer 1936, deen zwee Joer méi spéit a Betriib geholl gouf. De Fliger ass am Dengscht vun der RAF bis 1954 bliwwen.