René Carol
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De René Carol, eigentlech Gerhard Tschierschnitz,(* 11. Abrëll 1920 zu Berlin; † 9. Abrëll 1978 zu Minden), war en däitsche Schlagersänger a Filmschauspiller.
Seng Carrière huet de René Carol ugefaangen, andeems e bekannte Kënschtler parodéiert huet. 1949 koume seng éischte Plack eraus. 1952 war hien deen Éischten, deen eng Gëlle Schallplack krut, anzwar fir 500 000 verkaaften Exemplaire vu Rote Rosen, rote Lippen, roter Wein.
De René Carol ass 1978 mat 58 Joer zu Minden gestuerwen.
[Änneren] E puer vu sengen bekannteste Lidder
- Rote Rosen, rote Lippen, roter Wein
- Kein Land kann schöner sein, 1960
- Im Hafen von Adano (mat der Lonny Kellner), 1950
- Am Strande von Havanna steht ein Mädchen
[Änneren] Filmer
- Südliche Nächte 1953 Musekfilm vum Robert A. Stemmle mam Erwin Strahl a Margit Saad
- Rote Rosen, rote Lippen, roter Wein 1953 vum Paul Martin mam Gardy Granass a Lil Dagover
- Sonne über der Adria 1954 vum Karl Georg Külb mam Erica Remberg
- Die Beine von Dolores 1957 vum Géza von Cziffra mat der Lëtzebuergerin Germaine Damar an der Haaptroll,
- Wir wollen niemals auseinandergehen vum Harald Reinl mam Adrian Hoven a Vivi Bach
[Änneren] Plackentipps
All seng Placke si bei Bear Family op CD erauskomm.