Revue (Zäitschrëft)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Revue ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Zäitschrëft, déi den 1. September 1945 ënnert dem Titel Revue. Letzeburger Illustre'ert erauskoum.
Fir d'éischt koum d'Revue all 14 Deeg eraus, vun 1949 un all Woch. Gegrënnt gouf se vum Émile Probst deen se awer no 2 Joer un de Verlag Bourg-Bourger verkaf huet. D' Revue huet sech am Ufank als Familljemagazine verstanen, dat sech duerch e méi moderne Look an d'Auswiel vun den Themen vun de Publikatiounen aus dem St.-Paulus-Verlag ofzehiewen. Am Laf vun der Zäit huet se sech och mol méi, mol manner gesellschaftpolitieschen Themen ugeholl. Zënter dem Enn vun den 1960er Joren huet d'Revue eng Bäiluecht mat deene Tëlevisounsprogrammer, déi zu Lëtzebuerg z'emfänke sinn.
[Änneren] D'Revue haut
D'Revue gëtt haut vun Éditions Revue s.a. erausginn, a gehéiert zënter 2000 zu der Editpress. Direkter ass de Guy Ludig.
2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 23,8 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d' Revue gelies. 2006 huet d' Revue 319.751 € staatlech Pressehëllef kritt.