Rita Levi-Montalcini
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Rita Levi-Montalcini (gebuer den 22. Abrëll 1909 zu Turin, Italien) ass eng italienesch-amerikanesch Neurobiologin. Si krut 1986 mam Stanley Cohen den Nobelpräis fir Medezin.
Si ass zesummen mat hirer Zwillengssëchter Paola dat jengst vu véier Kanner (déi aner zwee waren de Brudder Gino † 1974 an nach eng Sëschter d'Anna déi fënnef Joer méi al war wéi si selwer). Hir Eltere waren den Adamo Levi, Elektroingenieur a Mathematiker an d'Adele Montalcini eng Molerin. Hire Brudder Gino war Architekt a Professer op der Universitéit zu Turin.
1936 huet si hirt Medezinstudium mat der Mentioun summa cum laude aafgeschloss an huet duerno eng Spezialisatioun an Neurologie a Psychiatrie gemaach. Den 2. Weltkrich huet dunn hir Carrière e bësselchen hannendra gehéit. Vun 1944 un no der Invasioun vun Italien duerch d'Aliéiert Muechte bis nom Krich huet si als Dokter vir d'Amerikaner an de Prisongslagere geschafft.
Vun 1969 bis 1979 huet si zu Roum de Laboratoire fir Zellbiologie vum Nationale Fuerschungsrot geleet. Hir Fuerschungsaarbecht huet sech konzentréiert op zellulär Noriichtentransmissioun a Steierungsmechanismen vum Zellen- a Tissuswuesstem. Si huet den "Epidermal Growth Factor" entdeckt an ee Polypeptid, dat als Nervewuesstemsfaktor wierkt. Fir d'Isoléieren an d'Charakteriséieren vun dem Nervewuesstemsfaktor krut si den Nobelpräis.
1987 krut si National Medal of Science, dat déckst Gielche fir Wëssenschaftler an Amerika.
2001 gouf si vum italienesche President Carlo Azeglio Ciampi, Senator op Lieweszäit ernannt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Literatur zum Thema
- Kerner, Charlotte, Ein Lob der Vollkommenheit, in Kerner, Charlotte, Nicht nur Madame Curie - Frauen, die den Nobelpreis bekamen, Belz Verlag, Weinheim a Basel, 1999.