Roger Manderscheid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Manderscheid, gebuer den 1. Mäerz 1933 zu Izeg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
[Änneren] Säi Liewen
Vun 1946-1952 geet de Roger Manderscheid an de Kolléisch, an no sengem Premièresexamen ass hien dräi Méint laang Stagiaire als Schoulmeeschter. Vun 1953-1956 ass hien Reserve-Offizéier an der Arméi a vun 1956-1973 Fonctionnaire bei der Eisebunn, dunn um Ministère du Travail. Vun 1973-1993 ass de Roger Manderscheid Fonctionnaire um Ministère de la Culture.
Hien ass ausserdem Member vum däitsche PEN-Club an Éirepresident vum LSV (Lëtzebuerger Schrëftstellerverband). Am Joer 2000 ass hien Co-Fondateur vun den Editions ultimomondo.
[Änneren] Säi Wierk
- Der taube Johannes. Erzielungen, Lëtzebuerg: Luja-Beffort, 1963.
- Die Glaswand. Hörspill, Esch-Uelzecht, 1966.
- Statisten: 3 Hörspiller. Radiografie, Buergbesichtegung, Papiertiger, Esch-Uelzecht, 1970.
- Die Dromedare: Stilleben für Johann den Blinden, Lëtzebuerg; Esch-Uelzecht. 1973.
- Stille Tage in Luxemburg: ein Drehbuch, Lëtzebuerg, 1975.
- Schrott, Déifferdang, 1978.
- Leerläufe mit Zeichnungen von Anna Recker, Esch-Uelzecht, 1978.
- Ikarus. Dreissig Ausflüge und ein Absturz. Lëtzebuerg, 1983.
- Rote Nelken für Herkul Grün, Iechternach, 1983.
- Mam Velo bei d'Gëlle Fra: Gedichter a Prosastécker, handgeschriwen a gezeechent vum Roger Manderscheid, Lëtzebuerg, 1986.
- Schacko Klak: Biller aus der Kandheet (1935-1945), Iechternach, 1988.
- Hannerwëtz mat Bireschnëtz / Lëtzebëtz, Esch/Sauer, 1991.
- De Papagei um Käschtebam: Zeenen aus der Nokrichszäit, Iechternach, 1991.
- Mein Name ist Nase: Geschichten aus dräi Joerzéngten, Iechternach, 1993.
- Zwee Gedichter: e Buch aus Eisen v. Jeannot Bewing, 1994.
- Feier a Flam: Geschichten äus de fofzeger Joren, Iechternach, 1995.
- Papier libre: Konschtbuch, d'Gedicht v. R.M. mat Zeechnungen vum Rico Sequeira, Lissabon, 1998.
- Summa summarum: Gedichter aus engem vergangene Joerhonnert, Iechternach, Ed. Phi., 2000.
- BUZZ-Kalenner fir Kanner 2001, Nouspelt, ultimomondo, 2000.
- schwarze engel. Geschichten, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- D'Magali flitt an den Himmel, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- Polaroid: instant texte, Esch-Uelzecht, Ed. Phi, 2002.
- Kasch - E genie verschwënnt an der Landschaft. roman fir de jeannot bewing, ultimomondo 2005.
- Der sechste Himmel ass dee vum Auteur iwwersate Feier a Flam, Gollenstein Verlag, 2006
[Änneren] Gielercher
- 1990: Prix Batty Weber.
- 1992: Servais-Präis (Fir säi Roman Papagei um Käschtebam).
- 1995: Premier prix beim Concours national de littérature (Fir seng Erzielung Pflastersteine).