Saint-Émilion (Wäin)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De roude Wäi vun Saint-Emilion huet eng eegen Appelation déi och e puer Nopeschgemengen aschléisst. Zesumme mat dem Pomerol bilt Saint-Emilion d’Käergebitt vum sougenannten rietsen Ufer (Gironde resp. Dordogne), no der Stad Libourne och Libournais genannt. D’Médoc-Hallefinsel an d’Regioun Graves gëtt als lénkst Ufer bezeechent.
Nieft deenen zwee genannten Appelatioune gehéieren och déi sougenannten Satelliten-Appelatiounen Lalande-de-Pomerol, Montagne-Saint-Emilion, Puisseguin-Saint-Emilion, Lussac-Saint-Emilion, Saint-Georges-Saint-Emilion, Fronsac a Canon-Fronsac zum Libournais.
Wéi op dem rietsen Ufer üblech, dominéieren och an de Cuvéeen vun Saint-Emilion d’Riefzort Merlot. Eenzeg a puer Châteauen um Plateau ob der Grenz zu Pomerol, z.B. Château Figeac a Château Cheval Blanc, huelen zum gréissten Deel Cabernet-Sauvignon resp. Cabernet Franc.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Appelatiounen vun Saint-Emilion
Als eppes Besonnesches gëtt et zu Saint-Emilion zwou Appelatiounen. Saint-Emilion an Saint-Emilion Grand Cru. Fir déi leschtgenannte mussen d’Wäiner enger zweeter Qualitéitspréifung ënnerzu ginn ier se an d’Fläsche gefëllt ginn. Allerdengs geet d’Tendenz kloer an d’Richtung vun der Produktioun vu Grand Crus.
Am problematesche Joer 2002 sinn 134.850 hl Wäin als Grand Cru an nëmmen nach 82.750 hl als Saint-Emilion deklaréiert ginn. 1990 war d’Relatioun mat 156.600 hl Grand Cru zu 137.200 hl Saint-Emilion nach méi ausgeglach, obwuel den Joergang qualitativ ganz héich agestuft war.
[Änneren] Classement
Am Classement vu Bordeaux-Wäiner vun 1885 war de Saint-Émilion nët derbäi. Duerfir huet de Wäisyndicat vu Saint-Émilion décdéiert een eegent Classement opzestellen. Déi bescht Grands Crus genéissen en besonnesche Status als classifizéiert Gewächser, woubäi een normalerweis tëschent engem Grand Cru Classé an engem Premier Grand Cru Classé ënnerscheed. D’Classificatioun gëtt ongeféier all 10 Joer iwerschafft. An den Joren mat enger 4 um Schluss gett d’Positonéierung vun den Wäinwengerten festgeluecht, déi dann meeschtens an den Joren mat enger 6 eréischt wierksam ginn. Déi lescht Classificatioun ass 2006 gewiescht. Déi virdru waren 1954 als éischt, duerno 1969, 1985 a 1996. D’Wéngerten sollen sech doduerch d’Classificatioun och verdéngen.
Am Géigensaz zum Médoc ass d’Classificatioun och un d’Lag gebonnen. Sou gouf dem Château Beau-Séjour Bécot de Premier-Status 1986 fir zeng Joer entzunn, nodeems d’Wéngerten erweidert goufen.
Déi bedéitenst Châteauen sinn Châteaux Ausone a Cheval Blanc, béid als Premier Cru Classé A classifizéiert. Donierft ginn et nach eelef Premier Grand Cru Classés B a 55 Grand Cru Classés. Déi aktuell Classifizéierung ass:
[Änneren] Premier grands crus classés A
[Änneren] Premier grands crus classés B
|
|
[Änneren] Grands Crus Classés
|
|
|