Sauer (Chimie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Den Begrëff vu Saieren huet mat der Zäit sech ëmmer weiderentwéckelt:
Eng Substanz bezeechent een als sauer, wa se a wässrecher Léisung zu Protonen an Anionen dissoziéiert. (no der Definitioun vum Arrhenius). Eng Base parconter get Oh- of.
Saieren an Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.
- Beispill:
- HCl + NaOH -> H2O + NaCl.
Eng Substanz bezechent een als sauer wa se Protonen ofgëtt. (no der Definition vu Brønsted a Lowry).
Eng Substanz bezeechent een als sauer wann se en Elektronepuer akzeptéiert. ( no der Definition vum Lewis).
Beispill fir Saieren: HCl, d'Salzsaier; H2SO4, d'Schwiefelsaier, H3PO4 d'Phosphorsaier, etc.
D'Géigendeel ass basech.
Sairen hunn e pH-Wert ënner 7, Basen iwwer 7.
D'Stäerkt vu Saire gëtt mam pKa-Wäert gemooss.
De Gebrauch vu Saieren ass net ongeféierlech: Saiere kënnen on-eedel Metall an organsecht Material verätzen.