Saul Hudson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Saul Hudson alias Slash war Lead Gitarrist vun der Hardrock-Band Guns N' Roses an ass zur Zäit Gitarrist bei Velvet Revolver.
Hie gouf den 23. Juli 1965 zu Stoke-on-Trent, Staffordshire, England gebuer. Seng Mamm war Designerin, déi Kleedung fir Stars wéi David Bowie, Iggy Pop, an Joni Mitchell entworf huet. Säi Papp Anthony, e Grafikdesigner, huet och Plackecoveren, ënner anerem fir den Neil Young, entworf.
1976 hu sech dem Slash seng Eltere gescheet an heen ass mat senger Mam op Los Angeles geplënnert. De Slash ass deemools de ganzen Dag mat sengem BMX gefuer, an do läit waarscheinlech och den Urspronk vu sengem Spëtznumm. Verschidde Quelle behaapten och datt e Frënd vu séengem Papp him den Numm Slash ginn huet.
Seng Groussmam war di éicht di him eng Gittar kaaft huet. Leider hat dës Gittar nëmmen eng Säit. Sou koum et datt de Slash bis zu 12 Stonnen op senger Gittar gespillt huet.
D'Léift zur Gittar hat awer e schlechten Effet op seng schoulech Leeschtungen an esou koum et datt den Slash no der 11. Klass vun der Schoul gaangen ass.
Zesumme mam Steven Adler huet de Slash seng éischt Band "Road Crew" gegrënnt. De Steven hat eng E-Gittar, mee séier war de Slash vill besser. De Steven huet realiséiert datt e keng Chance op der Gittar huet an huet sech kuerzer Hand en Drumset kaaft. Hire Bassist, den Duff McKagan hu si duerch en Artikel am "Recycler" fonnt. Kuerz drop huet sech d'Band awer opgeléist. Den Duff ass bei Guns N' Roses gaangen, déi aus den zwou lokale Bands LA Guns an Hollywood Rose endstanen sinn. Membere waren Tracii Guns an Izzy Stradlin, de Rob Gardener war Percussionist an den Axl Rose Sänger. Dem Duff seng gutt Kontakter hunn der Band e puer Concerten nbruecht.