Sauvetage
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sauvetage ass e Service vun der Protection Civile. Vun deenen 25 Zenteren am Land hun 23 e "Service de Sauvetage". Hier Aufgab ass grossomodo gesinn den techneschen Aspekt vun der Rettung, ofgesinn vum Asaz am Feier, fir dee gréisstendeels d'Pompjeën zoustänneg sinn. Duerfir sinn déi meescht Zenteren mat engem VW LT35 ausgeriicht, deen emgebaut ass, fir déi verschidde Servicer unzebidden. Den LT35 huet enner aanerem:
- Schéier
- Spräizer
- Motorsee
- Geschierkëscht
- Verbandskoffer
- Stroumaggregat
- Kompressor
- Hiewkëssen
- weidert Rettungsmaterial
De gros vun den Sauvetageasätz sinn Uelegspueren besäitegen, Beem ewechmaachen, Autoen auserneenhuelen, Leit aus Gebaier biergen oder aus hirer dacks mësslëcher Situatioun befräien, souwéi den Ambulancieren eng Hëllefstellung gin. Alarméiert ginn d'Sauveteuren iwwert e Piepser.
Anert Material dat de Sauvetage huet:
- Boot
- Kran
- Ventilator
- Gerätween
- Läschween
- Mannschaftstransportween
- Kommandoween