Talk:Sauer (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Et lafen an d'Sauer
An dësem Abschnitt gi momentan 7 Flëss a Baachen opgezielt. Ech hu mol op der lëtz. Topo-Kaart nogezielt. Ech kommen do op 47 Flëss a Baachen, déi als sollech agezeechent sinn an e Numm hunn. An da feele nach déi an der Belsch. Meng Fro: Ass et derwert fir dës Baachen alleguer am Artikel opzezielen? Oder maache mer nëmmen eng Selektioun? Wa jo, no welleche Critèren? -- Pecalux 15:02, 2 Mäerz 2006 (UTC)
- géint Complétude ass an enger Enzyklopedie prinzipiell näischt anzewenden, et këennen also roueg emol all Baachen opgezielt ginn, dat heescht jo net dat dann direkt muss en Artikel driwwer opgoen, bis elo huet nach just keen sech d'Zäit geholl fir se op enger detailléierter Kaart nozesichen, déi déi hei opgelëscht sinn, sinn just déi déi een op alle méi grafe Kaarte fënnt (ausser datt d'Wark verluer goung), mee du schengs d'Kaart jo schonns bei Hand ze hunn... --Marcus 15:12, 2 Mäerz 2006 (UTC)
- D'Wark ass nëtt verluer gaang. Si leeft just an d'Uelzecht, 500 Meter éier dës an d'Sauer leeft. --Pecalux 15:20, 2 Mäerz 2006 (UTC)
"Vaux-les-Rivières" Zu deem Thema (oder engem méiglegen Vauy ... ) hält de Google sech awer roueg. --Cornischong 17:52, 2 Mäerz 2006 (UTC)
A wéi wier et da mat [[1]] Vaux-sur-Sûre an der Belsch?? --Cornischong 17:59, 2 Mäerz 2006 (UTC)
Ech hat just d'Halschecht verbessert: et ass "Vaux-lez-Rosières", an der Gemeng Vaux-sur-Sûre. --Zinneke 21:42, 2 Mäerz 2006 (UTC)
Also ouni lo engem géint d'Schinnbeen trëppelen ze wëllen (esou gutt ass mäi Lëtzebuergesch bäi Wäitem och net), mee "Abschnitt", "Complétude", "anzewenden" schéngt mer awer relativ "onlëtzebuergesch" ze sinn? Myriam 22:12, 2 Mäerz 2006 (UTC)
- Du hues scho recht, datt daat "onlëtzebuergesch" kléngt. Firwaat sees du eis da nët wéi et korrekt op lëtzebuergesch soll sinn ? --Pecalux 09:06, 3 Mäerz 2006 (UTC)
- Do läit d'Kromm an der Heck: dat weess ech nämlech selwer net esou genee: "Ofschnëtt"?, "Vollstännegkeet"?, "ze soen"? Myriam 10:07, 3 Mäerz 2006 (UTC)
An iwwerhaapt: "Abschnitt" ass DAT lëtzebuergescht Wuert fir dat däitscht Abscnitt (an engem Buch oder Text)!! --Cornischong 09:17, 3 Mäerz 2006 (UTC)
[Änneren] Fro vum Cornischong: Ass Wisembach en Duerf?
Jo. Et ass en Duerf an der Gemeng Fauvillers. Kuck um Site: [2] --Pecalux 12:25, 24 Mee 2006 (UTC)
-
- Merci. Da gëtt et Zäit, datt ech emol an déi Géigend trëppele ginn :-) --Cornischong 13:04, 24 Mee 2006 (UTC)