Schéierschlëffer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Schéierschlëffer ass en hautesdaags praktesch ausgestuerwene Beruff. Mat engem mobile Schläifsteen, deen duerch eng Pedall aktionéiert ginn ass, sinn d'Schéierschlëffer viraals vun Dier zu Dier gezunn, fir Schéieren a Messeren ze schläifen. Meeschtens hate se och nach en ale Prabli bei sech an hirem Gestell. Si hunn da gewisen datt d'Messeren an d'Schéieren, déi se geschlaff hunn, lo besser géife schneiden. D'Schéierschlëffer ware fréier de Gaudium vu de Kanner.