Schilthorn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu der Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
---|---|
Héicht: | 2.970 m |
Lag: | ![]() |
Bierger: | Berner Oberland |
Éischt op der Spëtzt: | ?? |
D'Schilthorn ass eng 2.970 m héioh Biergspëtzt am Berner Oberland (Schwäiz), déi iwwer Lauterbrunnen an Mürren erreecht ka ginn..
Do bitt sech engem e phantasteschen Panorama, dee vum Titlis, Jungfrau, Mönch, Eiger, iwwert d'Berner Alpen an de Jura bis zu den Vogesen an de Schwarzwald reecht.
Op d'Schilthorn kënnt en mat enger Seelbunn, déi vun 1967 un a Betrieb ass an déi an 2 Sektiounen iwwert d'Zwëschenstatioun Birg zur Spëtzt fèiert. Dës Spëtzt läit 1.320 m méi héich wéi d'Dallstatioun. Wéi se gebaut gouf, war si di längst Loftseelbunn vun Europa. Am Panoramarestaurant Piz Gloria an op den Häng vum Schilthorn gouf bis Abrël 1969 de James-Bond-Film Im Geheimdienst Ihrer Majestät gedreit.
Dat eelst a populärst Volleksschirennen vun der Welt, den Inferno-Offaartslaf gëtt all Joer, ëm den 20. Januar hei ausgedro. D'Streck vun dëser inoffiziellen Langstrecken-WM féiert vum Schilthorn bis no Lauterbrunnen. Di Bescht brauchen fir dës 16 km laang Streck knapp 15 Minuten.