Schlass Suessem
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Suessemer Schlass ass eng Waasserbuerg a steet zu Suessem.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtleches
[Änneren] Suessem a spéitréimescher Zäit
Zu der Zäit vun de Réimer, waren a Suessem mindestens zwou Réimervillaen (ënnert anerem d'Villa Grueweléck). Well Suessem un der Réimerstrooss loung, déi vum Tëtelbierg op Duelem gaangen ass, gëtt ugeholl, datt e réimescht Kastell dës kleng Siidlung geschützt huet. Dëst Kastell soll net méi gewierscht sinn, wéi e véiereckege Waachtuerm aus Holz. Dokumenter aus dem 13. Joerhonnert beleeën, datt aus dem Tuerm ee véiereckege Tuerm aus Stee ginn ass.
[Änneren] D'Bridder Wilhelm a Johann
D'Bridder Wilhelm a Johann gëllen als déi éischt Bauhären, déi op dëser Plaz eng Buerg gebaut hun. Virdru war et nëmmen e befestegte Bauerenhaff. De véiereckegen Tuerm, deen 12,5 x 12,5 Meter mësst, hu se awer iwwerholl. D'Buerg ass eréicht no an no ronderëm entstanen.