Schmuelspurbunn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Schmuelspurbunn ginn am Allgemenge Bunne bezeechent, deenen hir Spurwäit méi kleng wéi d'Normalspur (1435 mm) ass.
Schmuelspurbunnen hun den Avantage datt se méi einfach a méi bëlleg ze baue si wéi Normalspurbunnen. Well d'Spurwäit net esou grouss ass kënne méi enk Kéiere gebaut ginn, wat wichteg war bei Konstruktiounen duerch schmuel Däller mat villem Gekrénkels. Well d'Rullmaterial och net sou schwéier ass, brauch den Ënnerbau net sou staark gebaut ze ginn wat d'Käschte vum Bau relativ niddreg hält.
E grousse Nodeel ass allerdengs, datt beim Gütertransport muss ëmgeluede ginn wann Marchandisen déi vun enger Normalspur kommen, musse weidergeleet ginn.
Fir datt dat net huet musse vun Hand gemaach ginn, goufe sougenannte Rullbéck benotzt, wou d'Waggonen vun deeër enger Spur dropgesaat goufe fir op der anerer kënne weiderzefueren.
Am grousse ganzen ass d'Laafrou vum Zuch och méi kleng wéi bei der Normalspur. Duerfir goufe Schmuelspuerbunnen haaptsächlech do agesat, wou et net op d'Vitesse ukënnt a wou manner Plaz fir de Bau do war. (Biergbunnen, Minièresbunnen, Tram, Festungsbunnen).
De Gebrauch vum Numm Schmuelspurbunn ass net iwwerall dee selwechten. A Länner wou eng Schmuelspurbunn d'Haapteisebunnsnetz duerstellt ginn als Schmuelspurbunn nëmmen déi Bunne bezeechent, déi nach méi schmuel sinn. (z.B. Südafrika Kapspur oder Japan, Meterspur an Indien, Kenia, Tunesien)
[Änneren] Verschidde Spurwäiten
Déi wichtegst Spurwäite bei Schmuelspurbunne sinn 600 mm (Feldbunnen), 750 mm, 760 mm ("Bosnesch Spur"), 785 mm, 891 mm (fréier vill a Schwede gebraucht), 900 mm und 1000 mm ("Meterspur") an 1067 mm ("Kapspur").
Zu Lëtzebuerg goufen déi meescht Schmuelspurbunnen vun 1890 un ugeluecht a sinn nom Zweete Weltkrich duerch d'Opkomme vu staarke Camionen lues a lues verschwonnen.
Haut gëtt et der nach e puer zu Lëtzebuerg als Museumsbunnen an Touristenattraktiounen.