Section Historique (Institut Grand-Ducal)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Section Historique ass eng vun de Sektioune vum Institut Grand-Ducal.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
Am Joer 1845 gouf d' Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg vun Archeologen an Historiker gegrënnt, déi sech fir den Erhalt vun historeschen an artisteschen Témoinagen vu Lëtzebuerg an Ëmgéigend agesat hunn. Den éischte President vun dëser Gesellschaft war de François-Xavier Wurth-Paquet.
D'Gesellschaft gouf méi spéit a Société archéologique ëmbenannt.
D' Société archéologique ass 1868 d'Section des sciences historiques vum deemools nei gegrënnten Institut royal grand-ducal, deem haitegen Institut Grand-Ducal ginn.
[Änneren] Presidenten
- François-Xavier Wurth-Paquet (1845 - 1853)
- Jean (Johann) Engling (1853 - 1876)
- François-Xavier Wurth-Paquet (1876 - 1885)
- Jean (Johann) Engling (1885 - 1888)
- Henri Vannérus (1888 - 1894)
- Jean (Johann) Peters (1895 - 1897)
- Eugène Wolff (1897 - 1900)
- Hyacinthe Schaak (1901 - 1915)
- Arthur Herchen (1921 - 1931)
- Jules Wilhelm (1931 - 1940)
- Nicolas Margue (1945 - 1972)
- Paul Spang
[Änneren] Literatur
- Peters, Jean Fête du cinquantième anniversaire [de la] Section historique de l’Institut grand-ducal de Luxembourg, Bück, Luxembourg, 1896
- Goedert, Joseph, De la Société archéologique à la Section historique de l'Institut Grand-Ducal. Tendances, méthodes et résultats du travail historique de 1845 à 1985, PSH (Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-ducal de Luxembourg) Vol. 101, 1987
[Änneren] Um Spaweck
- Arrêté Royal Grand-Ducal du 2 septembre 1845, autorisant la constitution définitive d'une Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg
- Arrêté royal grand-ducal du 24 octobre 1868, portant approbation du règlement pour l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg
- Websäit vu Pro Archaeologia - Cercle archéologique Mich Hommel - Useldange