Sender vu Beidler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sender vu Beidler ass ee Laangwellesender vun RTL. E steet tëschent Bruch a Beidler laanscht d'Beidlerbaach um Flouer genannt Lee an am Bruch op enger Héicht vun 265 m iwwer NN
Geographesch Koordinaten: 49°43'58" Nord - 6°19'08" Ost
[Änneren] Chronologie
- 1972 Éischt Laangwellesendungen mat 1400 kW
- 1974 D'Anlag gëtt op 2000 kW verstäerkt
- 1981 Eng nei Noutstroumanlag kënnt bäi
- 1994 En nei 2000 kW Installatioun mat zwéin THOMSON-CSF TRE 2175 Senderen
[Änneren] Sendanlag
- A Betrib
- 2 Thomson-CSF TRE 2175 MES jidderee mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW.
- An der Reserve
- 2 Thomson-CSF TRE 2170 jidderee mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW
- Frequenz: 236 kHz
[Änneren] Masten
- 3 afgespaante stole Gittermasten vun enger Héicht vun 290 m