Seymerich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Seymerich ass e Flouernumm bei Arel a läit am Oste vun Arel tëscht der aler Kasär a Frassem (Fruessem) an engem Dräieck, dee vun der N844 am Süden an 2 klenge Stroosen déi no Norden op Fruessem ginn, gemaach gëtt. Bis viru 15 Joer war dës Flouerplaz eidel Gewan, an déi zwou kleng Stroosse ware schlecht Feldweeër.
Haut ass alles verbaut, an et stinn e puer nei Citéen op dëser Plaz.
Seymerich läit op 390 Meter a gehéiert zur Gemeng Arel. No derbäi ass de Lieu-dit Petite-Geechel mat enger Sakgaass déi bei de bekannte Restaurant Peiffeschhof féiert. (op der ING-Kaart als Peiffeschaff uginn).