Simon Wright
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Simon Wright (* 19. Juni 1963 Manchester, Groussbritannien) ass e britesche Museker. Hie war vun 1983 bis 1990 Percussionist bei der australescher Hardrock-Band AC/DC.
De Simon gouf dem Phill Rudd säin Nofolleger. Hie gouf vun honnerte Percussionisten ausgewielt nodeems e sech op en Artikel am "Drummer wanted" am Melody Maker gemellt huet. Säin Tour-Debüt hat hien op der Flick of the Switch-Tour, déi vun Oktober bis Dezember 1983 duerch d'USA gefuer ass.
Ufank 1990 ass hie vun AC/DC fortgaangen, a gouf direkt bei Dio als Percussionist agesat. D'Band gouf awer kuerz drop vum Ronnie James Dio opgeléist.
Spéider ass de Simon e Member vun der US-amerikanescher Band Rhino Bucket ginn, déi e vergläichbare Stil wéi AC/DC huet. En hat awer keng Chnace, well och déi Band huet sech kuerz Zäit drop opgeléist.
Dunn ass hie bei UFO als Percussionist agestallt ginn.
A senger Fräizäit spillt de Simon gären Darts.