User talk:Simonelli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht. --Karlthegreat Diskussioun 19:52, 13 Feb 2005 (UTC)
[Änneren] Interwiki-Linken an Aneres
Gudde Mëtteg. D'Linken op Artikelen an anere Wikipediaen lafen net iwwer "Extern" (oder neierdéngs: "Um Spaweck), mee am Text selwer (um Enn) gëtt [[, dann de: oder fr: an den Artikelnumm agesat. Op déi Manéier sinn dann all Wikien, déi en Artikel hunn (zu deem Thema) am lénke Bord ze gesinn. An dësem Fall war den däitsche schonns do, awer de franséischen nach net. Merci. --Cornischong 14:25, 6 August 2005 (UTC)
Nach eppes. Ech hu mer mol de franséischen Artikel ugekuckt: Do hat eng "gutt Séil" sech d'Zäit geholl, fir eppes Seriöses op d'Been ze stellen. Villäicht fanne mer hei och een, deen eepes Zolittes iwwer den Anders schreiwe wëll/kann. Et wier ze hoffen. Déi allerhand interessant Foto "léinen" ech eis emol aus. --Cornischong 14:36, 6 August 2005 (UTC)
[Änneren] abee merci
Datt de Musil an den Arno Schmidt hei gefeelt hunn, loung mer schonns méi laang um Mo. Ech hu mech alt ëmmer getréischt, a mer gesot "dat wäert scho nach kommen". Tip top. Esou komme mer weider. --Cornischong 10:05, 10 August 2005 (UTC)