Siphon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ee Siphon ass eng Virrichtung an ënger Kanalisatioun wou keng Loft kann drakommen wëll e sou ugeluegt gëtt datt en ëmmer ganz ënnergedaucht ass.
Am Sanitärbereich gëtt en durfir agebaut fir dat kee schlechte Geroch aus de Kanalisatioune kann eropkommen.
Fréier si grouss Siphone vun de Réimer beim Bau vun hiren Aquädukten gebraucht gi fir keng ze héich Brécke brauchen ze bauen. (z.B. d'Aquädukt-Bréck zu Moret-sur-Loing wou de Siphon knaps 2600 m laang ass)
Beim Waassertransport an oppene Kanalisatiounen zum Beispill a Spuenien fir d'Uebstplantagen ze nätze kann ee se haut nach op Schratt an Tratt gesinn iwwerall do wou sou ee Kanal eng Strooss schneit.
An der Speleologie fënnt ee Siphonen a Grottesystemer déi vun ënnerirdesche Waasserleef duerchzu sinn.
Ee Siphon ass awer och nach eng speziell Fläsch wou dat wat dran ass ënner Drock steet sou datt een et kann eraussprëtzen.