Speechelen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Speechelen (Epheliden), aus dem Griicheschen.
Speechele si gielzeg bis brongelzeg kleng oder méi grouss Hautflecken, déi bei Mënsche mat heller Hautfaarf am Fréijoer an am Summer optrieden, an am Hierscht a am Wanter nees méi oder manner verschwannen.
Besonnesch Leit mat hellblonden oder roudelzegen Hoer erliewen et, datt de Melanin, d'Pigmentmaterial vun der Haut, sech net gläichméisseg verdeelt, mee als Tëppelen ze gesinn ass.
Deenen, déi der Meenung waren, Speechelen wier eppes Ellenes konnt vun 1945 u gehollef ginn. Do koum a Schweden e Kannerbuch eraus iwwert e Meedchen mat prononcéierte Speechelen. Der Astrid Lindgren hiert Buch iwwer d' Pippilotta Viktualia Rullgardina Krusmynta Efraimsdotter Långstrump, dat hei méi bekannt ass ënner dem däitschen Numm, Pippi Langstrumpf.