Stanowojbierger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Stanowojbierger si Bierger a Sibirien, Ost-Russland (Asien). Si sinn ongeféier 700 km laang a bis zu 2.412 m héich.
Et fënnt ee se als Deel vun de Südsibiresche Bierger ongeféier 570 km südlech vum Knéi vun der Lena. An dësen héije Bierger läit och d'Grenzlinn tëscht den Anzuchsgebidder vum Nordpolarmier a vum Pazifik. D'Stanowojbierger, an deenen de Floss Aldan entspréngt, gëtt vun der Baikal-Amur-Magistral traverséiert.