Starfleet Academy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Fernsehserie oder aus de Star Trek-Filmer. |
D'Starfleet Academy (letz.: Stäreflotten Akademie, de.: Sternenflotten Akademie) ass d'Ausbildungsstätt fir nei Offizéier an der Stäreflott. Hieren Haaptsëtz ass an San Francisco op der Ärd, wou se 2161 mam Motto Ex Astris, Scientia (wat souvill heescht wéi Vun den Stären, d'Wëssen!) gegrënnt gouf.
[Änneren] Ausbildung
Jiddwer Bierger vun der Föderatioun dierf ab dem 16ten Liewensjoer sech un der Starfleet Academy aschreiwen. Als éischt muss allerdengs en Opnahmeexamen gemaach gin, deen virun allem d'Allgemengwëssen souwéi och d'Kentnisser an der Physique an an der Mathé. D'Ausbildung dauert 4 Joer. Um Enn vun der Ausbildung, mussen déi Kadetten, déi am Kommandoberäich dingen wëllen, den Kobayashi Maru Test absolvéieren. Heibei handelt ët sech en simuléiert Kampfszenario op enger Breck vun engem Raumschëff. An der Reegel kann een dësen Szenario net gewannen, et geet hei nëmmen em d'Verhaalen vum Kadett.