Stephan VI. (Poopst)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Réimer Stephan VI. war Poopst vum Mee 896 bis de Juli oder August 897.
Virdru war hie Bëschof vun Anagni, enger klenger Stad an der Regioun Latium südëstlech vu Roum. Dozou war hie vu sengem zweete Virgänger Formosus ernannt ginn. Bei der Poopstwahl gouf de Stephan vun der Famill Spoleto ënnerstëtzt.
De Stephan VI: ass virun allem "bekannt" ginn duerch e Prozess, deen hien dem dem Formosus postum gemaach huet. Op Drock vun der Spoleto-Lobby koum et zu enger ruckelzecher Saach, déi als Läichesynod an d'Geschicht agaang ass.
[Änneren] Läichesynod
Déi hallefgefaulte Läich vum Formosus gouf am Januar 897, nodeems se schonns méi wéi néng Méint begruewe war, ausgegruewen, krut Pontifikalkleeder ugedoen a krut de Prozess gemaach. Et ass dem Poopst drëm gaangen, fir dem Formosus d'Pontifikat ofzespriechen. Duerno krut de Kadaver nees d'Kleeder ausgedoen, krut déi Fangeren mat deenen de Formosus de Seege ginn hat erofgeschloen a gouf an den Tiber gehäit.
Da war dem Vollek awer e bësse staark an de Stephan gouf an de Prisong geworf. Do gouf hien am August 897 erwiergt.
Virgänger | Nofolger | |
---|---|---|
Bonifatius VI. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Romanus |