Stroumstäerkt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Stroumstäerkt versteet een d'Stäerkt vun engem elektresche Floss. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt ass Ampere.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Definitioun
SI Eenheet: Ampere (A) = Coulomb (C) pro Sekonn (s)
Stroumstäerkt definéiert d'Zuel vun Elementarluedungen dQ déi pro Zäiteenheet dt duerch en elektresche Leeder lafen[1]. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt, den Ampere (A), as noom franséische Physiker André-Marie Ampère (1775-1836) benannt gin an ass einfach définéiert als een Coulomb an enger Sekonn:
Fir eng S.I. (Système Internationale d'Unités) Définitioun vum Ampere kuckt den Artikel Ampere (Eenheet).
[Änneren] Wierkung
[Änneren] Aarbecht
An der Gläichstroumtechnik: Stroumstäerkt, multiplizéiert mat der Spannung, entsprécht der Leeschtung (Watt). Gëtt d'Leeschtung iwwert eng gewëssen Zait gekuckt, schwätzt ee vun de elektrescher Aarbecht (Wattsekonnen).
[Änneren] Elektromagnéitismus
Gëtt e Leeder vun engem elektresche Stroum duerchfloss, entsteet duerch Induktioun e Magnéitfeld ronderëm dee Leeder. Dowéinst musse Kabelen, déi iwwert eng gewëssen Zäit parallel zuenee lafen, ofgeschiermt ginn (bei der Telekommunikatioun fir Feeler ze verhënneren) oder an engem respektabelen Ofstand zuenee sinn. Besonnesch bei Héichspannungleitungen muss de Magnéitismus mat agerechent ginn, well d'Magnéitfeld staark genuch ass fir d'Kabelen aus der Verankerung ze rappen a méiglegerweis Leit ze blesséieren.
Dësen Effet ass och de Prinzip vun engem Elektromagnéit, wéi en z.B. an Elektromotoren, a Generatoren oder a Relaisen zum Asaz kënnt.
[Änneren] Source
- ↑ James S. Walker, Physics, second international edition, Pearson Eduaction, Inc., New Jersey, 2004; S. 678